Für statistische Zwecke und um bestmögliche Funktionalität zu bieten, speichert diese Website Cookies auf Ihrem Gerät. Das Speichern von Cookies kann in den Browser-Einstellungen deaktiviert werden. Wenn Sie die Website weiter nutzen, stimmen Sie der Verwendung von Cookies zu.
Cookie akzeptierenMassimo Sartini
Die Leiden der jungen Juanita
- Books on Demand
- 2019
- Gebunden
- 96 Seiten
- ISBN 9783752811438
Wien hätt dann nach Loscht d'Geschicht vun engem bestuetenen Don Juan ze liesen? Wahrscheinlech keen, mee dat schéinst un de Klassiker ass, wéi eisen Don Juan géif soen, dass hir Lieser ni fäerdeg ginn, iwwert hir Haaptpersonnagen ze phantaséieren. D'Geschicht vum Don Juan ass eng Legend, déi weltberühmt Schrëftsteller wéi de Molière oder de Lord Byron wäit iwwerdauert huet. Et zielt ee schonn net méi all déi Theaterstécker, Romaner, Gedichter, déi geschriwwen, oder all déi Filmer, déi iwwert hie gedréint gi sinn. Wat fir ee Personnage wier dann de Don Juan am eenanzwanzegste Joerhonnert? Kann en Atheist, an enger Zäit, déi Schwieregkeeten huet, u Gott ze gleewen, oder e Fraenheld, an enger Zäit, wou d'Frae grad esouvill friemginn ewéi d'Männer, iwwerhaapt nach schockéieren? Dat sinn nëmmen e puer vun deene Froen, déi Namasté sech bei dësem Stéck gestallt huet. En Don Juan op d'Bühn ze bréngen, deen nieft sengem Talent als Verführer, och mënschlech Swächte weise oder zougi kann, dat war eist Zil an eis Äntwert. E Papp, dee seng Feeler an der Erzéiung vu sengem Meedche Juanita erkennt, e Liebhaber, deen därmoossen am Leed ass, well hien, virun zwanzeg Joer, dem Anne, d'Mamm vu
Mehr
Weniger
zzgl. Versand
in Kürze